Kabelzertifizéierung
Och am Vollekslaf Kabelmoossung genannt
-
D'Moossung vun enger passiver Netzwierkinfrastruktur, also vun den Dosen, Patchpanellen a Keystone-Moduler, ass aus e puer ganz entscheidende Grënn extrem wichteg.
-
Als Betrib muss ee sech drop verloosse kënnen, dass déi beoptragt Aarbecht ordnungsgemooss duerchgefouert gouf.
Dat bestätegt Iech d'Moossung. -
Als Optragnehmer muss een sech virun spéidere Haftungsfolgen an Nobesserung ofsécheren.
Dat bestätegt Iech d'Moossung. -
Feeler passéieren, soubal en Techniker iwwer 5 Stonne laanscht Netzwierkdosen opleet, ee verléiert d'Konzentratioun oder gëtt bei der Aarbecht gestéiert bzw. oflenkt.
-
Nëmmen e richteg agestallt Moossgerät kann och richteg Protokoller liwweren.
-
E puer Installateure hunn de Kärgeschäft am Starkstroumsegment a wéineg Erfahrung mat Dateleitungen. Hei ginn bal ëmmer d'Komponenten net richteg opgeluecht. Nëmmen eng Moossung bréngt hei Kloerheet iwwer d'Installatioun.
Typesch Feeler:
1. Bild: Iwwerdroungsfeeler duerch onsachgemäß Verbindung vun de Kabelen un der Hausfassad, vermehrt Problemer bei Reen bzw. Fiichtegkeet.
2. Bild: De Verleegkabel gouf iwwer d'Mëtt vun der Dos geluecht, doduerch gouf d'Isoléierung duerch de Trennsteg an der Mëtt duerchgeschnidden an e Kuerzschluss erzeugt. Verdrillung a Paarschirmung sinn och net vorhanen.
3. Bild: Paren vill ze laang an d'Dos geluecht a Verdrillung net méi vorhanen.
4. Bild: Kuerzschluss tëscht Mass a blo/wäiss rechts uewen z'erkennen. Och d'Paarschirmung gouf vum Installateur ewechgeholl.
Bei eis gëtt mat de neiste Moossgeräter gemooss.
De Fluke DSX-8000 ass deen éischte Cat-8-zertifizéierten Tester um Maart, virgestallt am Januar 2017.
Duerch déi erausragend Diagnoseeigenschafte vum Tester an eis Erfahrung fanne mir och de verstoppte Mängel a kënne en an de meeschte Fäll och direkt behiewen.