Skip to Content

Katastrophenschutz

Opriichterhale vun der Kommunikatioun

Nei Zäiten, nei Erausfuerderungen

Duerch d'Erausfuerderung, den Noutrufapparat och am Ausnamezoustand um Liewen ze halen, hu mir en zäitgemäisst an onofhängegt Noutrufsystem ausgeschafft.

D'System baséiert op Richtfunkverbindungen an der doduerch entstoender Datenverbindung tëscht Standuerter. Dës kënne mat Batterien a VoIP-Noutrufsäulen realiséiert ginn. 

Wéi een Avantage bitt esou e System am Verglach zum klassesche Amateurfunk?

  1. Eng energieautark Léisung, déi mat Batterien a Solarzellen betruede ka ginn.

  2. Noutruffer a Bild a Toun kënnen an enger Asazzentral ugeholl ginn.

  3. D'Méiglechkeet, Uriff wéi op engem Uruffbeäntwerter ze hannerloossen. 

  4. E Bléck op d'Kamera vun den Noutrufapparater, fir en Iwwerbléck iwwer d'Lag an enger zentraler Leitstell ze garantéieren. 

  5. Besseren Kommunikatiounsfluss, well eng bal onendlech Zuel vu gläichzäitege Gespréicher gefouert ka ginn. 

  6. Vandalesécheren Opbau.

  7. Kanaliséieren a besser Verdeelung vun den Asazkräften.

  8. Duerch e Vermaschen vun de Sendeanlagen eng ganz héich Ausfallsécherheet.

  9. Als Synergieeffekt gëtt nëmmen nach een Internetzougang pro Gemeng gebraucht. Ofdeckung vun den Ausseestanduerter: Schoulen, Hort, Pompjeeën, Rettung, Altstoffsammelstell asw...

Odoo text and image block

Vermaschte Netzwierk

Odoo CMS - a big picture

Méi Verbindungen - manner Ausfäll

Duerch d'Vermaschen vum Netzwierk kann den Datenverkéier beim Ausfall vun engem oder méi Punkten trotzdem nach eng Verbindung mam Ziel opbauen. Domat ass net zwéngend eng direkt Siichtverbindung zur eigentlecher Asazzentral néideg, mee eng Siichtverbindung zu den nächsten Noutrufmaaschten erzeegt eng Konnektivitéit mam Gesamtverbond.