Skip to Content

Neien AMSI-Update féiert zu schwéiere Problemer bei Exchange 2016 CU21 an Exchange 2019 CU10

Outlook hänkt, E-Maile ginn net verschéckt an et kënnt zu Verbindungsproblemer wéinst engem Update vun der AMSI-Antiviren-Schnëttstell
21. Juli 2021 by
Dominic Schnur

D'Integratioun vun AMSI (Antimalware Scan Interface), déi mat Exchange 2016 CU21 an Exchange 2019 CU10 eigentlech fir e bessere Schutz suerge sollt, féiert elo awer leider zu massive Problemer, wann Exchange a Kombinatioun mat verschiddenen Antivireprogrammer benotzt gëtt.

Sou kënnt et zum Beispill zu éiwege Luetzäite beim Opmaachen an och an Outlook, zu Verspéidunge beim Verschécke vun E-Mailen a souguer zum komplette Verloscht vun der Verbindung mam Exchange-Server. 

Eent ass kloer: Esou kann een net schaffen.

Glécklecherweis ware verschidden Ubidder vun Antiviresoftware dorop virbereet, an esou gëtt et d'Méiglechkeet, AMSI ze desaktivéieren. Hei gitt Dir u Beispiller vu Sophos, McAfee, Bitdefender a Kaspersky gewuer, wéi Dir dëse Problemer en Enn setze kënnt.
Ausserdeem erkläre mir, wéi dës Funktioun duerch eng Upassung an der web.config vum Exchange-Server desaktivéiert ka ginn.

Sophos

Bei Sophos ginn et zwou Méiglechkeeten, fir AMSI ze desaktivéieren. Entweeder direkt iwwer d'Applikatioun um Client, wat sech awer als ganz onpraktesch erausstellt, soubal ee méi Installatioune verwalte muss. Oder et mécht een et zentral iwwer d'Verwaltungsinterface vu Sophos Central. 

Odoo • Text a Bild

1. Um Endpoint: Och wann Dir AMSI um Endpoint desaktivéiert, musst Dir Iech mat Sophos Central befaassen. Fir d'éischt musst Dir nämlech a Sophos Central d'Tamper Protection fir dat jeeweilegt Gerät desaktivéieren. Dofir scrollt Dir einfach an der Iwwersiicht no ënnen bis bei d'Tamper Protection a klickt op "View password details". D'Passwuert kënnt Dir Iech fir d'éischt emol kopéieren.
Duerno musst Dir um PC, op deem d'Software installéiert ass, ënne riets an der Taskleescht op d'Sophos-Symbol klicken. Do kënnt Dir dann ënner der Administrateur-Umeldung d'Passwuert aginn, dat Dir aus Sophos Central kopéiert hutt.

Odoo • Bild an Text

Elo kënnt Dir ënner "Astellungen" am Eck ënne riets den AMSI-Schutz deaktivéieren.

Odoo • Bild an Text

2. A Sophos Central: Wann Dir d'Astellung fir déi ganz Infrastruktur iwwerhuele wëllt an den AMSI-Schutz net nëmme fir eng bestëmmten Zäit deaktivéiere wëllt, gitt Dir elo gewuer, wéi eng Richtlinnen Dir dofir aktualiséiere musst.
Klickt fir d'éischt an der Navigatioun op "Server Protection", well mir jo d'Richtlinne vun dësem Beräich wëlle beaarbechten. Duerno klickt Dir op Policies, fir bei d'Richtlinnen ze kommen.

(Deaktivéiert a Sophos Central ënner "Server -> Policies -> Threat Protection" d'Optioun "AMSI Protection (Windows)".)
Odoo • Bild an Text
Odoo • Bild an Text
D'Richtlinn, déi mir beaarbechte wëllen, ass déi, déi ënner Threat Protection als "Enforced" markéiert ass.
Odoo • Bild an Text
Nodeems Dir op déi entspriechend Richtlinn geklickt hutt, musst Dir an hir Astellunge goen. Wann Dir d'Standardrichtlinn benotzt, ass do bei der Optioun "Use recommended settinge" e bloen Häkchen gesat. Dëst musst Dir fir d'éischt ewechhuelen, fir d'Richtlinn kënnen ze beaarbechten.
Wann dat gemaach ass, scrollt Dir einfach no ënnen  bis bei d'Optioun "AMSI Protection" an deaktivéiert se.
Nodeems Dir op déi entspriechend Richtlinn geklickt hutt, musst Dir an hir Astellunge goen. Wann Dir d'Standardrichtlinn benotzt, ass do bei der Optioun "Use recommended settinge" e bloen Häkchen gesat. Dëst musst Dir fir d'éischt ewechhuelen, fir d'Richtlinn kënnen ze beaarbechten.
Wann dat gemaach ass, scrollt Dir einfach no ënnen  bis bei d'Optioun "AMSI Protection" an deaktivéiert se.
Odoo • Bild an Text

Elo musst Dir just nach am Eck uewe riets op "Save" klicken, an Dir kënnt nees wéi gewinnt mat Outlook schaffen.

McAfee

Och bei McAfee Endpoint Security gouf eng Optioun an den Astellungen dobäigesat, mat där Dir den AMSI-Schutz deaktivéiere kënnt.

Odoo • Bild an Text

Bitdefender

Bei Bitdefender muss een dës Ännerungen iwwer Gravityzone virhuelen; eng separat Optioun fir AMSI feelt hei komplett. Et kann een nëmmen de komplette Malware-Schutz an de Beräicher „Zougrëff“, „Ausféieren (Advanced Thread Control)“ an „Erweiderten Exploit-Schutz“ deaktivéieren. Et ass recommandéiert, e separaten Exchange-Profil fir de Server unzeleeën an do de Schutz auszeschalten, bis eng Feelercorrectur disponibel ass.

Kaspersky


„AMSI-Schutz“ aktivéieren an deaktivéieren


„AMSI-Schutz“ ass standardméisseg aktivéiert.

Fir „AMSI-Schutz“ ze aktivéieren oder ze deaktivéieren, gitt esou vir:

  1. Klickt ënnen an der Haaptfënster vum Programm op de Knäppchen icon_settings.png.
  2. Wielt an der Fënster mat de Programmastellungen de Beräich Schutz → Basisschutz → AMSI-Schutz aus.
  3. Benotzt de Schalter AMSI-Schutz, fir d'Komponent ze aktivéieren oder ze deaktivéieren.
  4. Späichert d'Ännerungen, déi Dir virgeholl hutt.

    Quell: https://support.kaspersky.com/KESWin/11.5.0/de-DE/174820.htm

Direkt op Exchange

Zu gudder Lescht gëtt et och nach d'Méiglechkeet, d'web.config fir MAPIoverHTTP an RPCoverHTTP direkt um Server mat der Exchange-Installatioun unzepassen, fir AMSI ze deaktivéieren. Dës Léisung gëtt mëttlerweil net méi recommandéiert. Benotzt dofir ausschliisslech déi uewe genannte Varianten oder d'Variant iwwer Powershell. 

Fir d'Variant iwwer Powershell start een d'Exchange Management Shell (Powershell mat Exchange-Erweiderungen)

[PS] C:\PowerShell> New-SettingOverride -Name "DisablingAMSIScan" -Component Cafe -Section HttpRequestFiltering -Parameters ("Enabled=False") -Reason "Testing"
[PS] C:\PowerShell> Get-ExchangeDiagnosticInfo -Process Microsoft.Exchange.Directory.TopologyService -Component VariantConfiguration -Argument Refresh
[PS] C:\PowerShell> Restart-Service -Name W3SVC, WAS -Force

Dobäi ginn d'Konfiguratiounsentréeën agestallt an den IIS nei gestart. Domat ass de Problem bis zur definitiver Korrektur geléist. 

Quell: https://support.sophos.com/support/s/article/KB-000042460 
Quell: https://techcommunity.microsoft.com/t5/exchange-team-blog/more-about-amsi-integration-with-exchange-server/ba-p/2572371