Sophos - Synchronized Security
Cyberkriminalitéit huet an de leschte Joren rapid zougeholl, dat steet ausser Fro. Ob souguer Advanced Persistent Threats, also Attacken, déi op gezielt Institutiounen an Anrichtunge gerecht sinn, oder DoS-/DDoS-Attacken, Phishing oder einfach just Spam. D'Zuelen eropgi weider an d'Attacke ginn ëmmer ëmfangräicher.
D'Stéchwuert fir d'Léisung heescht "Synchronized". E System, vu Sophos entwéckelt, an dem eenzel Sécherheetskomponenten intelligent matenee vernetzt sinn an eng koordinéiert Zesummenaarbecht leeschten. Hei tauschen sech Produkter an de Beräicher Endpoint-, Netzwierk-, Mobile-, Wireless-, E-Mail- a Verschlësselungsléisungen ënnerteneen a Echtzäit aus a kënnen doduerch op bestëmmt Tëschefäll adequat reagéieren.
Dozou gehéieren zum Beispill folgend Aktiounen:
-
D'Isoléiere vun infizéierten Endpoints, fir doduerch d'Weiderbewegung am Netzwierk ze verhënneren
-
D'Beschränke vum WLAN-Zougang fir Geräter, déi net de Compliance-Richtlinne vun Ärem Betrib entspriechen
-
De Scan vun Endpoints, wann erkannt gëtt, datt sech kompromittéiert E-Mail-Konten dorop befannen
-
D'Deaktivéiere vu bestëmmte Verschlësselungsschlësselen, wann eng Gefor besteet
-
D'Identifizéiere vun allen Uwendungen, déi am Netzwierk lafen
Hëlt d'Kontroll
Duerch déi zentral Steierung iwwer d'cloudbaséiert Webinterface, dat sech Sophos Central nennt, bitt Sophos eng ausseruerdentlech userfrëndlech Security-Plattform fir d'Verwaltung vun Ärem Sécherheetssystem.
D'Zesummespill vu Soft- an Hardware
Nieft de uewe ugeschwatte Software-Produkter vu Sophos gëtt et awer och nach eng Hardware-Ergänzung, fir Äert Netzwierk wierklech sécher ze maachen.
Security Heartbeat
D'Häerzstéck vum Ganzen ass de sougenannte Security Heartbeat. Hie erméiglecht den Echtzäit-Datenaustausch tëscht Endpoints an der Firewall, wat besseren Schutz bitt wéi jee virdrun. Am nofolgende Video erfuere Dir méi doriwwer, wéi den Heartbeat funktionéiert, fir Äre System virun Bedrohungen ze schützen.